Servicer

Entretien a Reparatiounen

All eis Entretiene ginn no den Norme vum Constructeur suivéiert.

Allgemeng Mechanik

Wiessele vun all Typ vu Käilrimmen oder Antriebsketten, Reparatioun vun Ärem Motor, der Kupplung an der Boîte.

Diagnostiker

Mir maachen all Typ vun elektronesch an elektresch Diagnostiker.

Carrosserie a Lackéieren

Ob et sech ëm eng kleng Schréips oder de ganzen Auto handelt – kontaktéiert eis roueg fir en Devis fir d’Lackéieren oder den Debosselage ouni Lackéieren.

Pneuen an Accessoiren

Mir verkafen a montéieren all Mark vu Pneuen an Accessoirë fir Ären Auto. Mat eisem Riederdepot-Service kënnt Dir Är Wanter- oder Summerpneue bei eis stockéieren.

Depannage

Depannage- an Transportservice vun Ärem Auto, all Distanzen.

Pick Up

Mir huelen Ären Auto bei Iech doheem ewech an, falls néideg, proposéieren Iech en Ersatzauto. Kontaktéiert eis roueg fir méi Informatiounen.

Immatrikulatioun

Mir këmmeren eis ëm de Passage beim Contrôle technique, d’Agreatioun an d’Immatrikulatioun vun Ärem Gefier.

Bannen- a Baussebotz

Bannen- an/oder Baussebotz oder Poléiere vun Ärem Gefier op Är Ufro.

Glasbroch

Ersetzen a Reparatioun vun Ärem Pare-brise an all aner Fënster vun Ärem Gefier.

Klimaanlag

Mir diagnostikéieren a flécken Är Klimaanlag (R134a) a fëllen se mat engem Traceur anti-fuites.

Pos vun Accessoiren

Montage vun all Typ vun Automobilsaccessoiren :

 – Hifi
– Attache-remorques
– Kit Suspensioun
– Kit Carrosserie
– a vill méi

Verkaf vu Gefierer

Verkaf an Depôt-vente vun Occasiounsgefierer.